Wëllkomm op der Säit vun der HMP

Eis näechst Aktivitéiten

Sonnden, 24. November: Cäciliendag

E Sonnden, de 24. November gëtt d’Cäciliendag gefeiert. Traditionell geschitt dëst am Kader vun der Sonndesmass. Zesumme mat der Chorale Sainte Cécile vu Péiténg iwwerhëlt en Ensemble vun der Péiténger Musék d’musikalesch Gestaltung vun der Mass ëm 9:15 Auer an der Poarkierch.

Samschden, 30. November: Bärblendag

D’Gemeng invitéiert op d’Feier fir Bärblendag. De Rendez-vous ass e Samschden, den 30. November. D’Zäit ass nach net festgeluet. Mäer triede mat de Kollegen vun der HMRL un a spillen de Cortège.

Samschden, 21. Dezember: Galaconcert

E Samschden, den 21. Dezember spillen „déi Jonk“ (d’Harmonie des Jeunes ënnert der Leedung vum Philippe Kayl) an déi „grouss Musék“ (ënnert der Leedung vum David Ascani) hire Galaconcert an der Sporthal zu Péiténg.