Dateschutzerklärung

Wien si mäer?

Dës Säit ass d’Homepage vun der „Harmonie Municipale Pétange“. D’Adress ass: https://hmp.lu.

Responsabel fir de Contenu ass:

Harmonie Municipale Pétange
c/o Monsieur Jean-Pierre Classen
3, an der Prënzewiss
L-4786 Pétange
e-mail: hmp@pt.lu
Tél: (+352) 661 507 745

Wéi eng perséinlech Donnéeë ginn traitéiert?

Um Server vun dëser Säit ginn all Zougrëff protokolléiert, fir de korrekte Fonctionnement vun der Säit ze erméiglechen. Dës Protokolléierung ass duerch de “Règlement Général sur la Protection des Données” ( (UE) 2016/679) erlaabt (Art. 6 Abs. 1 lit. f. vum RGPD).

Folgend Donnéeën ginn an de „Server-Logfiles“ protokolléiert:

  • Adress, déi opgeruff gëtt
  • Auerzäit vum Zougrëff
  • Volume vun Donnéeën, déi geschéckt goufen
  • Verweis, vu wou een op d’Säit kënnt (Referer)
  • wéi e Browser gëtt benotzt
  • wéi e Betriebssystem gëtt benotzt
  • vu wéi enger IP-Adresse geschitt den Zougrëff

Et ass fir äis net méiglech, aus den Donnéeën vum Logfile erauszefannen, wéi eng konkret Persounen eis Säite besichen.

Firwat ginn “Server-Logfiles” gespäichert?

D’Server-Logfiles gi maximal 1 Mount gespäichert an duerno geläescht. D’Späicherung geschitt aus Sëcherheetsgrënn, fir de korrekte Betriib vun der Säit ze erméiglechen.

Mat wiem ginn d’Donneeën gedeelt?

Eng Uweisung vun engem Geriicht kann ons zwéngen, eis „Server-Logfiles“ un d’Police weiderzeginn.

Recht vun de betraffene Persounen op Informatioun

Well et fir äis net méiglech ass, aus den Donnéeën vum Logfile erauszefannen, wien eis Säite besicht, kënne mäer doriwwer och keng Informatioune ginn.

Cookies

Cookie sinn temporär gespäichert kleng Text-Fichieren, déi beim Besiche vun onse Websäiten op Ärem Computer, Tablette oder Smartphone gespäichert ginn.

Dëse Site funktionéiert gréisstendeels ouni Cookies. Wann Däer e Member vun der HMP sidd an Äerch am System umellt fir op den interne Beräich zouzegräifen, gi Cookie gesat. D’Cookie sinn an deem Fall noutwäenneg fir de korrekte Betriib ze erméiglechen a gi maximal 12 Méint op Äerem Gerät gespäichert. Däer kënnt op Äerem Gerät d’Cookien och selwer manuell läeschen.

Subscribe To My Newsletter

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit