Aktivitéiten
Natierlech gëtt et och ëmmer rëm d’Geléigenheet äis ze lauschteren. Eis näechst Aktivitéiten sinn …
Sonnden, de 26. November: Cäciliendag
09:15 Auer: Houmass zu Péiténg. Eise Blechbléiserquintett an d’Chorale
Sainte-Cécile animéieren d’Mass
Samschden, den 2. Dezember: Bärblendag
zesumme mat de Kollegen vun der HMRL spille mäer beim Cortège fir d’Feier vu Bärblendag zu Rodange
Sonnden, den 3. Dezember: Kleesechersdag
mäer spillen zesumme mat de Kollegen vun der HMRL am Cortège fir de Kleeschen
Freiden, den 22. Dezember: Galaconcert
mäer spillen dëst Joër eise Galaconcert viru Chrëschtdag am „Lycée Mathias Adam“ zu Rolléng.
Et fréeë sech op Äere Besuch:
- de groussen Ensemble vun der Péiténger Musék ënnert der Leedung vum David Ascani
- déi Jonk vun der Péiténger Musék ënnert der Leedung vum Philippe Kayl
- d’LMA-Singers